- Diese Veranstaltung hat bereits stattgefunden.
KJT @ Table Ronde – Häusliche Gewalt: BLICK AUF DIE KINDER
Den Artikel 19 vun der UN-Kannerrechtskonventioun beseet, dass all Kand d‘Recht op e Liewen ouni Gewalt huet. Mir Erwuessener hunn d’Verantwortung dofir ze suergen, dass Kanner a Sécherheet opwuesse kënnen. Dëst betrëfft all seng Liewensraim.
Am Kader vun der Orange Week organiséiert de Service à l’égalité des chances Dudelange (Sega) a Collaboratioun mat dem Service ALTERNATIVES vun der Fondation Pro Familia, eng Table Ronde zum Thema haislech Gewalt mam Fokus op d’Kanner.
Säit 1992 ass KJT do fir Kanner a Jonker an alle schwierege Situatiounen ze ënnerstëtzen. Gewalt an och haislech Gewalt ass kee seelent Thema firwat sech Jonker oder och hier Bezuchspersounen anonym a vertraulech un d’Helplines vu KJT wenden.