original 1263223843 kleinoriginal 1315370477 klein

Summer, Sonn a Vakanz!

D’Summervakanz ass do. Vill Famillje fueren an d’Vakanz, ginn op e Summercamp, verschidde Jugendlecher gi fir d’alleréischte Kéier eleng an d’Vakanz.

Eppes ass dobäi net ewechzedenken: Fotoe maachen an op d‘Social Media posten – fir di schéi Momenter ze weisen, eng schéi Plaz ze deelen oder den Elteren ze weisen, dass alles ok ass.

Wat haut fir jiddereen sou normal ass wéi ootmen, ass un sech en wierklech wichtegt Thema. Eng Foto vun enger Persoun ass eng perséinlech Donnée, mat där vill Abus ka gedriwwe ginn. D’Posten an Deelen op de sozialen Netzwierker mécht dat mi einfach.

 

 

Wéi soll een also mat de Vakanze Fotoen, an all deenen aneren och, richteg ëmgoen, besonnesch als Elteren? Soll ee léiwer guer keng Foto posten?

Wichteg ass fir t‘éischt ze wëssen, dass och e Kand e Recht op Privatsphär an e Recht um eegene Bild huet. Dofir muss d‘Kand gefrot ginn, ob et averstanen ass, dass eng Foto vun him online gesat gëtt (GDPR, Gesetz vum 11. August 1982, Kannerrechter). Ob dat ëmmer gemaach gëtt, ass fraglech, wann een sech z.B. d’Resultat vun der Studie vum “Children’s Commissioner” vun November 2018 ukuckt: all Joer posten d’Elteren an der Moyenne 71 Fotoen an 29 Video’en vun hire Kanner op de sozialen Netzwierker. Dat sinn 1300 Fotoen an Video‘en um Kand sengem 13. Gebuertsdag – an dat ass d’Zuel ouni déi Fotoen, di z.B. per WhatsApp oder Mail gedeelt ginn.

Grad an der Vakanz sinn dat dann och mol Fotoen am Maillot oder Bikini, bei méi klenge Kanner souguer munchmol ganz plakeg. Et ass verständlech dass engem Kand oder Jugendlechen dëst onangenehm ass, et/en sech schummt oder einfach net wëll datt d’Fotoen fir jidderee siichtbar sinn. D’Gefor vu Mobbing ass grad bei sou Fotoen héich. Och aner Forme vu Mëssbrauch kenne mat sou Fotoe bedriwwe ginn.

Dofir appelléiere mir verantwortungsvoll mat de Fotoen ëmzegoen, sou wéi een et och mam Portmonnie a mam Schlëssel mécht.

Hei en puer Tipps fir Elteren fir hir Kanner ze schützen wann Fotoe vun der Vakanz gepost oder gedeelt solle ginn:

  • Fir t’éischt iwwerleeën: Muss ech di do Foto wierklech posten? Geet net och eng aner? Oder vläicht des Kéier guer keng?
  • Wien ass um Bild ze gesinn: Dir? Är Kanner? Dir an Är Kanner? A wéi engem Kontext?
  • Äert Kand froen: Ass dat ok fir dech, wann ech des Foto posten/deelen?
  • Wat gesäit een? D’Kand vun hannen, bëssen anonymiséiert? Oder komplett erkennbar an a liichter Bekleedung?
  • Denkt un Är Profilastellungen: Ass Äre Profil ëffentlech? Wéi eng Frënn däerfe wat gesinn? Et kann een z.B. um Facebook eng Lescht maachen, an deene just d‘Familljememberen dra gesat ginn an d’Foto da just mat hinnen deelen.

Dir sidd dem Kand säi Virbild. Sou wéi et bei Iech léiert, dass een d’Féiss net op den Iessdësch leet, léiert et och bei Iech den Ëmgang mat senge Fotoen. Sou kënnt Dir Ärem Kand e Bewosstsinn dofir vermëttelen, dass et ok ass, net alles ze posten, an dass et wichteg ass, genau ze iwwerleeën, wat een iwwerhaapt a wou post. An virun allem kennt Dir Äert Kand staark maachen, wann et bei Iech léiert, dass een däerf NEE soen.

An deem Kontext kennt Dir Ärem Kand dann och bäibréngen, dass et Konsequenzen huet, wann en NEE net respektéiert gëtt. Och den Internet ass eng Plaz mat Gesetzer!

  • Wat kann Äert Kand maachen, wann seng Foto z.B. ouni seng Erlaabnis gedeelt gouf?
  • Wat kann Äert Kand maachen, wann et wéinst enger Vakanzefoto gemobbt gëtt?
  • Wat kennt Dir als Eltere maachen?

Am Wichtegste fir Ärt Kand ass et ze wëssen, dass et sech vertrauensvoll u seng Eltere wende kann. Ze wëssen, dass et vun Iech ënnerstëtzt gëtt.

Konkret ka jidderee Fotoe mellen, oder och d’Persoun, déi d’Foto gedeelt huet, respektiv den Dateschutzbeoptragten vun enger Homepage uschreiwen an em Läsche vun der Foto bieden. Wann et sech iwwert dee Wee net kläre léist, bléift nach d’Méiglechkeet, bei der Police eng Plainte ze maachen.

Beim Mobbing mat Fotoe kënnt Dir mat Ärem Kand di Persoun(en) och mellen. Des Persoun soll awer och geblockt ginn an insgesamt de Kontakt mat hir ofgebrach ginn. Och an dësem Fall ass eng Plainte bei der Police méiglech. Haalt d'Screenshots vun der Foto als Beweismëttel.

Dir als Eltere kennt Är Kanner bei dëse Prozedure begleeden an ënnerstëtzen an eventuell och nach dat eent oder anert iwwert eng App léieren, déi bei de Kanner a Jugendlecher grad beléift ass.

Wann Dir dozou oder soss zu Theme ronderëm d’Notzung vum Internet Froen hutt, ass d’BEE SECURE Helpline fir Iech do! BEE SECURE huet sech als Aufgab gesat, all Leit fir eng sécher Notzung vun de modernen Informatiouns- a Kommunikatiounstechnologien ze sensibiliséieren a bitt Informatiounen a Berodung un. Jiddereen, ob Mann, Fra oder Kand, ob jonk oder al, kann sech mat senge Froen zum Thema Internetsécherheet an Ëmgang mat den digitale Medien un eis wenden.

D’BEE SECURE Helpline ass déi éischt Adress fir all Froen, déi den Internet betreffen. Anonymitéit a Vertraulechkeet si geséchert. Dat heescht dass kee beim Uruffen säin Numm muss soen an dass näischt iwwer den Inhalt vum Gespréich no Bausse gedroe gëtt. Dir kennt vu méindes bis freides tëscht 9 a 16 Auer gratis op eiser Nummer 8002 1234 uruffen.

Themen, déi bei der BEE SECURE Helpline ëmmer erëm zur Sprooch komme sinn z.B.:

  • Online Bezéiungen
  • Cybermobbing
  • Internetbedruch
  • Sozial Netzwierker
  • Privatsphär
  • Sexting
  • Sextortion
  • Grooming

a vill anerer!

D’Equipe vu BEE SECURE Helpline ass fir Iech do!